wéi benotzen ech de wecker op windows 10

Benotzung vun der Alarm & Auer-App

Wecker ausschalten oder an de Schlummermodus schalten

De Wecker schellt souguer, wann d’App zou ass, den Toun aus ass, de PC gespaart ass oder sech (op verschidde méi neie Laptoppen oder Tablets, déi InstantGo hunn) am Energiespuermodus befënnt.

Wann sech de PC am Schlofzoustand befënnt oder ausgeschalt ass, schellt de Wecker allerdéngs net. Passt op, dass de PC un de Stroum ugeschloss ass, dermat en net op de Schlofzoustand wiesselt.
Sou schalt Dir de Wecker an de Schlummermodus oder ganz aus:
Wielt an der ugewisener Notifikatioun “Ignoréieren” aus, fir de Wecker ze desaktivéieren, oder “Widderhuelen” aus, dermat de Wecker no enger kuerzer Zäit nach eng Kéier schellt.
Wann d’Notifikatioun erëm zougeet, éier Dir dorop reagéiere kënnt, wielt am ënneschte rietsen Eck d’Ikon “Info-Center” aus. Do gëtt d’Notifikatioun an enger Lëscht ugewisen, aus där Dir se auswiele kënnt.
Wann Ären Ecran gespaart ass, gëtt d’Alarmnotifikatioun uewen am gespaarten Ecran ugewisen a kann do desaktivéiert ginn.

Neiegkeeten

An der Alarm & Auer-App sinn e Wecker, eng Weltauer, en Timer an eng Stoppauer vereent. D’App bitt folgend Méiglechkeeten:
Loosst Iech waakreg maachen, widderhuelt de Wecker oder schalt e ganz aus, souguer wann den Ecran gespaart ass oder den Toun aus ass.
Wielt verschidde Melodien oder eege Musek als Wecker.
Vergläicht Zäiten aus der ganzer Welt.

Weltaueren

Hei erfuert Dir, wéi Dir eng Plaz dobäisetzt an Auerzäiten op der ganzer Welt vergläicht:
Wielt an der Alarm & Auer-App “Weltauer” a wielt dann “Nei +” ënnen aus.
Gitt déi éischt Buschtawe vun der gewënschter Plaz an a wielt se an der Opklapplëscht aus. Wann Dir déi gewënscht Plaz net fannt, gitt eng aner Plaz an därselwechter Zäitzon an.
Wielt “Zäite vergläichen” (déi 2 Aueren am ënneschte Beräich) aus a beweegt de Reegler, fir eng nei Zäit fir de Verglach auszewielen. Wielt eng Plaz op der Kaart aus, fir d’Plaz ze änneren, op déi sech de Reegler bezitt.
Fir de Modus “Zäite vergläichen” ze verloossen, wielt de Knäppchen “Zeréck” oder dréckt op ESC.

wéi benotzen ech de wecker op windows 10
wéi benotzen ech de wecker op windows 10

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *