Synchronisatiounsparameteren op Windows 10-Apparater
Wann d’Synchronisatioun aktivéiert ass, iwwerwaacht Windows déi Saachen, déi Iech wichteg sinn, a synchroniséiert se fir Iech op all Äre Windows 10-Apparater.
Dir kënnt zum Beispill Webbrowser-Parameteren, Passwierder oder Faarftheme synchroniséieren. Wann Dir d’Optioun “Aner Windows-Parameteren” aktivéiert, synchroniséiert Windows verschidden Apparatparameteren (zum Beispill fir Drécker oder Mausoptiounen), Fichiers-Explorer-Parameteren an Notifikatiounspreferenzen.
Dermat d’Synchronisatioun funktionéiert, musst Dir Iech op deem Apparat, deen Dir synchroniséiere wëllt, mat Ärem Microsoft-Kont op Windows 10 umellen (oder Äre Microsoft-Kont mat Ärem Aarbechts- oder Schoulkont verbannen). Wann d’Optioun “Synchronisatiounsparameteren” net op Ärem Apparat disponibel ass, erlaabt Är Organisatioun dës Funktioun eventuell net.