verbindungsproblemer mat bluetooth-audiosapparater a wireless bildschiermer op windows 10 léisen

Léise vu Verbindungsproblemer bei Bluetooth-Audioapparater a Wireless-Bildschiermer

Bluetooth-Audio

Wann Dir beim Drécke vum Knäppchen “Verbannen” am Info-Center Ären Apparat net fannt, probéiert Folgendes:
Iwwerpréift, ob Äre Windows-Apparat Bluetooth ënnerstëtzt an un ass. Am Info-Center gëtt e Bluetooth-Knäppchen ugewisen.


Wa kee Bluetooth-Knäppchen ugewise gëtt, probéiert den Driver vun Ärem Apparat z’aktualiséieren. Maacht Folgendes: Gitt op d’Startsäit, gitt “Apparat-Manager” an, a wielt en an der Resultatlëscht un. Sicht Ären Apparat dann ënner “Apparat-Manager“, rietsklickt drop (oder haalt e gedréckt), wielt “Driver-Software aktualiséieren“, wielt “Automatesch no aktualiséierter Driver-Software sichen” a befollegt dann déi iwwereg Uweisungen.
Wann de Bluetooth aktivéiert ass an den Driver aktualiséiert ass, mä Ären Apparat nach ëmmer net funktionéiert, probéiert den Apparat ewechzehuelen an en dann nach eng Kéier ze koppelen. Maacht Folgendes: Gitt op d’Startsäit, gitt “Apparater” an, wielt “Bluetooth”, wielt den Apparat, wielt “Apparat ewechhuelen” a probéiert en dann nach eng Kéier ze koppelen.
Gitt sécher, dass de Bluetooth-Audioapparat un ass an erkannt gëtt. Well d’Virgoensweis ofhängeg vum Apparat variéiert, informéiert Iech an der Gebrauchsanweisung vum Apparat oder op der Websäit vum Hiersteller.

Miracast-Apparater

Wann Dir beim Drécke vum Knäppchen “Verbannen” am Info-Center Ären Apparat net fannt, probéiert Folgendes:
Gitt sécher, dass Äre Windows-Apparat Miracast ënnerstëtzt, andeems Dir Iech an der Gebrauchsanweisung vum Apparat oder op der Websäit vum Hiersteller informéiert.
Iwwerpréift, ob de Wi-Fi aktivéiert ass.
Gitt sécher, dass d’Bildschierm, dat Dir fir d’Projezéiere benotze wëllt, Miracast ënnerstëtzt an un ass. Wann net, braucht Dir e Miracast-Adapter (och “Dongle” genannt), deen un en HDMI-Port ugeschloss gëtt.

WiGig-Apparater

Wann Dir beim Drécke vum Knäppchen “Verbannen” am Info-Center Ären Apparat net fannt, probéiert Folgendes:
Iwwerpréift, ob Äre Windows-Apparat WiGig ënnerstëtzt an un ass. Wann Äre PC WiGig ënnerstëtzt, gesitt Dir e WiGig-Knäppchen ënner Parameteren > Fligermodus.
Gitt sécher, dass d’Bildschierm WiGig ënnerstëtzt. Wann net, braucht Dir eng WiGig-Docking-Statioun.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *